-
"Méi, a méi séier bauen" – Verwaltungsvereinfachung an en neien ëffentlech-private Partenariat fir méi abordabele Wunnraum
Den 19. Juni 2024, hunn de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, den Inneminister, Léon Gloden, an de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, d'Moossname fir déi geplangten administrativ Vereinfachung, esou wéi den neien ëffentlech-private Partenariat (PPP) fir d'Schafung vun abordabelem Wunnraum virgestallt, déi d'Regierung festgehalen huet fir de Wunnengsbau unzekuerbelen an ze vereinfachen.
-
Fortsetzung an deelweis Reform vun de finanzielle Bäihëllefen "Klimabonus Wunnen" an "Klimabonus Mobilitéit"
De 5. Juni 2024 huet de Regierungsrot déi grouss Richtlinne fir d'Fortsetzung an déi deelweis Reform vun de finanzielle Bäihëllefen "Klimabonus Wunnen" an "Klimabonus Mobilitéit" ugeholl.
-
D'Regierung lauschtert der Landwirtschaft no
Den Donneschdeg, 8. Februar, huet de Premierminister Luc Frieden zesumme mat der Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, Martine Hansen, an dem Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, Vertrieder aus der Lëtzebuerger Landwirtschaft empfaange fir iwwert déi aktuell Lag vum Agrarsecteur ze schwätzen.
-
Lancement vun de neien Episode vun der Serie "Eist wëllt Lëtzebuerg"
De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung stellt déi drëtt Saison vun "Eist wëllt Lëtzebuerg" vir an invitéiert Grouss a Kléng fir zesummen déi wëll Flora a Fauna vum Grand-Duché z'entdecken.
-
Sensibiliséierung iwwert d'Riske vu Vegetatiouns- a Bëschbränn
Am Kader vun der nationaler Plattform fir d'Reduktioun vu Katastropherisiken, déi vum Inneministère geleet gëtt, huet den Aarbechtsgrupp "Vegetatiouns- a Bëschbränn", deen aus Experte vun de verschiddene kompetenten Autoritéite besteet, Verhalensreegelen opgestallt, déi wärend der Vegetatiouns- a Bëschbrandsaison anzehale sinn.
-
Den Ëmweltministère invitéiert op seng 3. Editioun vun den Ëmweltdeeg
Wéi assuréieren eis dräi Verwaltungen eigentlech konkrete Klima- an Ëmweltschutz um Terrain? U wéi enge neien a spannende Projete gëtt geschafft? A wat fir Erkenntnisser gewanne mir dorauser? Dëse Froen widmet sech di 3t Editioun vun den Ëmweltdeeg, op déi de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung all Interesséierten häerzlech an de 'natur musée' invitéiert.
-
Pressebriefing: Aféierung vum "Nohaltegkeetscheck" an der legislativer Prozedur
De Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister an d'Joëlle Welfring, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung invitéieren op d'Pressekonferenz fir d'Presentatioun vum "Nohaltegkeetscheck" (NHC), engem Instrument fir d'Evaluatioun vu Gesetzer am Hibléck op hir Auswierkungen op d'nohalteg Entwécklung De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
Weltwaasserdag: All Drëps zielt!
Ënnert dem Motto "De Wiessel beschleunegen" ass dësen 22. Mäerz fir déi 30. Kéier de Weltwaasserdag gefeiert ginn. Dësen Dag gouf 1993 vun de Vereenten Natiounen an d'Liewe geruff, fir d'Bewosstsi vun der Bedeitung vun der Ressource Waasser ze schäerfen an där hir nohalteg Gestioun fir zukünfteg Generatiounen ze fërderen. Awer bis dohin, hu mir nach e wäite Wee virun eis.
-
D'Ministere Lex Delles a Joëlle Welfring hunn d'Labelen "EcoLabel" a "bed+bike" iwwerreecht
De 9. Februar 2023 hunn de Minister fir Tourismus, Lex Delles, an d'Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Joëlle Welfring, d'Labelen "EcoLabel" a "bed+bike" iwwerreecht.
-
Konstruktiven Echange mat de Vertrieder vu Landwirtschaft, Wäibau a Gäertnerei beim "Agrarsommet"
Op Ufro vum Agrarsecteur haten de Staats- a Premierminister Xavier Bettel, de Claude Haagen, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, an d'Joëlle Welfring, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Vertrieder aus der Landwirtschaft, dem Wäibau an der Gäertnerei de 26. Januar 2023 op den "Agrarsommet" um Schlass Senneng invitéiert.
-
Virstellung vum Drénkwaassergesetz
D'Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Joëlle Welfring, d'Waasserverwaltung (AGE), de Syvicol (Syndicat des villes et communes luxembourgeoises) an d'Association luxembourgeoise des services d'eau (Aluseau) hunn haut op hir Pressekonferenz "Virstellung vum neien Drénkwaassergesetz" invitéiert.
-
D'Ëmweltministesch huet d'Chamberskommissioun iwwert d'Fortschrëtter am Dossier Superdreckskëscht informéiert
D'Ëmweltministesch huet haut an der Chamberskommissioun, wéi annoncéiert, d'Parlamentarier/-innen iwwer d'Fortschrëtter am Dossier Superdreckskëscht informéiert.
- 1
- 2
- 3
- Lescht Säit